

En groussen Merci dem Kulturzentrum “Beim Nëssert” zu Biergem. Et war nees immens flott bei Iech. Bis déi nächsten Kéier. Elo zéihen mir weider op Mäerzeg.
Merciiii Miersch! Merci Kulturhaus! Et war fantastësch! Super Equipe, super Publikum, super Ambiance … fir d’nächst Saison si mir nees um Dill.
A lo heescht ët d`Valise paaken fir bei dë Nëssert op Biergem! Hei eis Daten, wou dër äis do fand:
21. an 22. Januar 2022
Reservatioun:
www.luxembourgticket.lu (Tel: 47 08 95 1)
No 4 schéinen Owender zu Maarnich am Cube 521 zéiën d’Sténkdéiren lo virun an d’Mierscher Kulturhaus. Dir kënnt sie hei gesin, ee Freideg, den 26. , ee Samsdeg, den 27. an ee Sonndeg, den 28. November. Är Plaazen kënn dër iwert luxembourgticket.lu reservéiren. Mir free’ën äis op äre Besuch!
Fir vill Leit ass d’Première am schwéiërsten … anerer hunn hir Problemer mat der Deuxième. Da loosse mer emol kucken wéi ët haut geet!
D’Generalprouw ass gegléckt. De Filip aus dëm Cube hat äis gester beim “Aliichten” gudd an d’Szen gesatt, sou dat dë Sibbi o well vill schéi Photoën schéisse konnt. Hei dann ee klengen Appetizer op daat waat eech ab muärren beim Kabaret Sténkdéiër erwart!
Reservatiounen fir den Kabaret Sténkdéier am Kulturzentrum “Beim Nëssert” zu Biergem kënnen ab lo gemaach gin. Dann lass, mir freeën eis op Iech.
Premiere den 18.11.