Eise Camille Nanquette huet sech nees vill Méih gin fir dem Roland Meyer séng flott Texter mat Musik ze begleeden. Et gët flott a spannend!







Eise Camille Nanquette huet sech nees vill Méih gin fir dem Roland Meyer séng flott Texter mat Musik ze begleeden. Et gët flott a spannend!








Alles a Fränjelen
De Programm 2026/27 vum Kabaret Sténkdéier
D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout!
Podle dat z evropské sítě EARS-Net zůstává rezistence na Amoxil s Amoxicillin u Streptococcus pneumoniae pod 5 %. Standardní dávkování Amoxil u nekomplikovaných infekcí je 500 mg třikrát denně. Tabletovou formu přípravku, Amoxil v tabletách, lze užívat nezávisle na jídle. Aktuální cena Amoxil v lékárnách se pohybuje okolo 80 Kč za balení. Amoxicilin je řazen do kategorie B dle FDA, takže je považován za bezpečný v těhotenství.
Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen, wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen, dofir iewer net vum Dësch a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis d’Aen a verstinn d’Welt net méi.
Egal op Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Probleemer vun de Leit net geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee. De Bettel knipst Selfie mat sengem Dackel, de Frieden palavert ouni datt eppes nokënnt an de Rescht vun der Koalitioun hänkt um Baxter.
A mat enger Oppositioun, déi hiren Numm net verdéngt huet, ass Besserung och net a Siicht. Egal ob rout, gréng oder wat och ëmmer, all hu se genuch mat sech selwer ze dinn. Esou kritt d’Zukunft vum Land grad wéi den ëffentlechen Transport ëmmer méi Retard. Oder kënnt Dir d’Piraten nach eescht huelen! Ee Land wat sech esou Politiker leescht, muss sech net wonneren.
Mee grad elo zielt et! Wie fléckt d’Téitschen an eiser Realitéit? Wann alles a Fränjelen ass, de Kapitalismus grad esou wéi de Kommunismus ausgedéngt hunn, dann ass eis Zäit komm: Ironie, Satir, Sarkasmus an nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg! De Kabarettismus iwwerhëlt elo d’Rudder!
A wie kéint dat besser wéi de Kabaret Sténkdéier! Wéini, wann net elo! “Alles a Fränjelen”, een Owend dee wéi deet, wann et néideg ass an dee wiermt, wann et méiglech ass.
Et spillen : Conny Braquet, Liette Engel,
Joëlle Muller, René Engel,
Luc Schumacher
Texter a Regie : Roland Meyer
Musek : Camille Nanquette
Regieassistenz: Bruna Gorza a Joe Heintzen
Inspizienz: Joe Heintzen
Photo: Claude “Sibi” Sibenaler

De Weekend vum 21.03 an 22.03 hate mir eis 2 läscht Optrëtter fir dës Saison. Et gouf héich Zäit ass domadder leider eriwwer. Mir soen op alle Fall dann och dem “TRIFOLION” zu Iechternach an dem “MACHERA” zu Grevenmacher villmools merci fir deen häerzlechen Empfang an Hiere schéinen Haiser!
Virun allem soe mir awer och den insgesamt ronn 3000 Spectateur ee ganz léiwen MERCI vun eiser ganzer Equipe. Dir waard eis ee wonnerbaart Publikum an et huet eis vill Spaass gemaach mat Iech!
Mir freeën eis op alle Fall nees op déi nächst Saison. Déi éischt Präparatioune si well ugelaaf. Eise gudde Luc Schumacher këmmert sech schonns ganz aktiv fir de Kalenner ze fëlle fir déi nächst Saison, mir hunn och schonns e puer Photoen dozou, déi dann och deemnächst hei wäerte verëffentlecht ginn. An eise gudde Kolleeg, de Roland Meyer wäert sech ee Plaiséier draus maachen eis nees wonnerbar Texter ze schreiwen. Genau wéi eise gudde Camille Nanquette, deen déi passend Musik wäert schreiwen.
Et versprëcht nees gudd ze gin!





Dësen Freiden, den 20.März an den Samsden, den 21. März hun t’Sténkdéier hier 2 läscht Optrëtter vum Programm “Et gët héich Zäit”.
Freides den 20. März spillen mir am TRIFOLION zu Echternach, um 20H00 Auer. Et gin nach Platzen, an och RTL wärt deen Nowend präsent sin an eisen Programm komplett ophuelen. Enn 2026, sou ëm Krëschtdag wärten sie et dann op der Télévisioun weisen. Do sin mir natierlech ganz stolz drop, an wärten eis wéi ëmmer Méih gin bei der Opféierung.
Infos: https://trifolion.lu/programmation/kabaret-stenkdeier/ Hotline +352 26 72 39-500

Samsdes den 21. März spillen mir als Ofschloss dann nach zu Grevenmacher am “Centre Culturel Machera”, och um 20H00 Auer.
Infos: https://machera.lu/?tribe_events=kabaret-stenkdeier-et-gett-heich-zaeit / Tickets iwert luxembourg-ticket.lu oder: oder dienstags und donnerstags von 15-19 Uhr an der Kasse im Kulturzentrum Machera.
Ticket-Info: +352 75 03 11-4020

Mir fréen eis drop! Als kleng Informatioun, zu Bissen am Zentrum as een gréisseren Chantier, an “Grand-Rue” as komplett gespart fir de Verkéier. Am Beschten dir kommt aus Richtung Mersch an Bissen eran, do kënt Dir bei der Gemeng parken an zu Fouss bis an den Theatersall (Verainshaus) kommen. Dir kënt natierlech och vun der anerer Seit kommen, dir musst dann just kucken wou Dir den Auto kënt parken. Grand-Rue as allzeit komplett gespart.

Merci dem Jean-Claude ADLER, fir séng Top-Photoën, déi hien deen Nowend vun eisem Optrëtt gemach huet.
Hei e puer flott Momenter, vum Jean-Claude ADLER:










Léifreg “An der Bud” den 30.01.2026 (Sold out)
Suessem “Artikus” 31.01.2026
Bissen “Veräinshaus” 27.02.2026 (Sold out)
Steesel “Kultursall” 28.02.2026
Biergem “Beim Nëssert” 07.03.2026
Stengefort “Al Schmelz” 13.03.2026 (Sold out)
Mäerzeg “Centre Turelbaach” 14.03.2026
Iechternach “Trifolion” 20.03.2026
Gréiwenmacher “Machera” 21.03.2026
Verschidden Platzen sinn well ausverkaaft. Informéieren kënnt Dir Iech ëmmer entweder op der Internet Seit vun den Kulturhaiser oder op der Internet Seit vun de respektiven Gemengen.





Mir haten een super Owend bei Iech, mat engem TOP Publikum. Et war een super Owend, an mir kommen bestëmmt ganz gären nees bei Iech zréck!




