Posted on

De Leschte mécht d’Luucht aus

Also elo emol ganz éierlech, kann ee bei all deene Katastrophen nach Kabaret maachen?

D’Welt geet virun eisen Aen d’ Baach an, an eis bleift de Mond opstoen: d’Klima hëtzt sech op, Corona setzt nach een drop, an der Ukrain gëtt geschoss, Bensinn a Mazout ginn alt méi deier an eng Wunneng ka geschwë keen sech méi leeschten. D’Regierung huet just nach d’Superwaljoer 23 am A an Italien ass net op der Weltmeeschterschaft.

An do wëlls de Kabaret maachen? Däerf een hautdesdaags iwwerhaapt nach Witzer rappen? An nach vill méi wichteg, däerf een iwwerhaapt nach iwwer déi Witzer laachen?

De Kabaret Sténkdéier beäntwert déi Froe mat engem klore Jo, well den Humor déi bescht a wierksaamst Medezin an dësen Zäiten ass a bleift.

Et spillen :    Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes

Regie :           Joé Heintzen

Musek :         Camille Nanquette

Texter :         Roland Meyer

Posted on

Photoën fir d’Saison 2022 /2023

Mam Claude Sibenaler an de Sténkdéieren hu mir den 23. März am Mierscher Kulturhaus eis Fotoe fir déi nächst Saison gemaach. An eisem Archiv fand dër dann o lo och ee Photosblock a flott Videoën zur Saison 2021, realiséiërt vum Sibi.

Hei komm dër direkt an déi entsprechend Galerie! Vill Spaass beim Raluussen!

Posted on

Oofschloss vun dër Saison 2021/2022

Eis lescht Virstellung waar dëst Joor zu Lëntgen beim FC Minerva Lëntgen. Merci hinne fir de flotten Owend a mir hunn eis et dono nach gutt goe gelooss. Et war en erfollegräichen Ofschloss an d’Saison 2021/22 ass domadder gelaf. Wéi heescht et esou schéin: “Nom Kabaret ass virum Kabaret”, an d’Organisatioun fir en neie Programm am Hierscht 2022 ass scho voll amgaangen. Merci fir Är Ënnerstëtzung a mir gesinn eis dann am Hierscht 2022.

Posted on

Stued, mir musse leider cancellen

Wéinst engem positiven Coronafall an dër Equipe musse mër eise Programm leider a “STUED” cancellen. Mir hoffen Eech zu engem anneren Zäitpunkt ënner eise Gäscht kënnen ze begréissen.

An dër Fotosgalerie hei niewendrun dann ee klengen “Trösterli” a Form vu Fotoën, déi dë Charles Reiser gelegentlich vun eisem leschten Optrëtt zu Maerzeg gemaach huet!

Posted on

Äddi Miersch

Merciiii Miersch! Merci Kulturhaus! Et war fantastësch! Super Equipe, super Publikum, super Ambiance … fir d’nächst Saison si mir nees um Dill.

A lo heescht ët d`Valise paaken fir bei dë Nëssert op Biergem! Hei eis Daten, wou dër äis do fand:

Kulturzenter « beim Nëssert » zu Biergem/Monnerech:

21. an 22. Januar 2022
Reservatioun:
www.luxembourgticket.lu (Tel: 47 08 95 1)