
Et gëtt héich Zäit
De Programm 2025/26 vum Kabaret Sténkdéier
Eisen schéine bloe Planéit brennt, d’Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspiegel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grentkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et sou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laag wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?
Et spillen: Conny Braquet, Liette Engel, joëlle Muller, rene engel, luc Schumacher
“Et gëtt héich Zäit” ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d’Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdem nach laache wëll, ass hei genau richteg.
Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!
Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong an Xi Jinping dem hellege Geescht.
Texter: roland meyer
musek: camille nanquette
regie: joe Heintzen