
Accessibilité
Si vous avez des besoins spécifiques ou des contraintes de mobilité, veuillez nous contacter à l’adresse info@khn.lu ou par téléphone au 26 34 73 1.

Si vous avez des besoins spécifiques ou des contraintes de mobilité, veuillez nous contacter à l’adresse info@khn.lu ou par téléphone au 26 34 73 1.
Freides den 28 November an der Gemeng Fréiseng, Uespelt “Am Schlass” (Château d’Aspelt – Salle Hadespelt) um 20:00 Auer (Reservatioun iwert den site vun der Gemeng Fréiseng (https://frisange.lu/events/cabaret-stenkdeier-et-gett-heich-zait/)
Duerno sin mir den Samsden 06 Dezember zu Déifferdeng am “Aalt Stadhaus” um 20:00 Auer.
Mir fréen eis op alle Fall.
Zu Uespelt am Schlass hun mir een wonnerschéinen Kader virfonnt. Eng schéin Bühn, an mir kommen do bestëmmt ganz gären namol zréck. Een décken Merci der Equipe vun der Gemeng, déi sech super ëm alles gekëmmert huet.




Den 20. November haten mir eis Premiere am Cube 521 zu Marnach. Mir hun 4 wonnerbar Owender do verbruecht, mat enger Super Equipe vum CUBE 521 an een wonnerbart Publikum. Een haezlechen Merci vun eis geet un dei ganz Equipe vun Marnach. Et war wei emmer eng super Zeit mat hinnen.


























Tour 2025 / 2026 Elo gët et eescht! An hei sin fir Iech dann elo eis Datumer wou Dir eis kënnt fannen:


Et gëtt héich Zäit
De Programm 2025/26 vum Kabaret Sténkdéier
Eisen schéine bloe Planéit brennt, d’Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspiegel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grentkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et sou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laag wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?
Et spillen: Conny Braquet, Liette Engel, joëlle Muller, rene engel, luc Schumacher
“Et gëtt héich Zäit” ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d’Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdem nach laache wëll, ass hei genau richteg.
Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!
Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong an Xi Jinping dem hellege Geescht.
Texter: roland meyer
musek: camille nanquette
regie: joe Heintzen
Mir musse mat schwéierem Häerze leider matdeelen, datt mir eis Virstellungen am Mierscher Theater an am CUBE 521, duerch en Ausfall an der Ekipp net wéi geplangt kënnen opféieren. Dës Ofso betrëfft am Moment just déi 2 Haiser an déi Virstellung déi am Dezember zu Wëntger nach um Programm stoung. Mir halen Iech um Lafende wéi et 2025 weidergeet. Merci villmools.

