Author: Patrick Dichter
De Filip am Cube huet sëch rëm richtig Méih gin fir eis Akteuren an daat richtigt Liicht ze récklen. Et lount sëch laast kucken ze kommen! Puer Plaazen sin nach ze kréiën!

Noom Cube tingle mër dann na bëssen mat eisem Programm duurch d’Ländchen

Eis Optrëtter zu Miersch së gudd verlaaf, lo geet ët an dë Cube op Marnich. Hei puer Andréck, déi dër do kënnt erhaschen!
Ee klengen Appetizer virun dër Première
D’Prouwen fir “De Leschte mécht d’Luucht aus” laafen op Héichtouren, a wéi dër gesitt, gët d’Luucht no dë Prouwen o na nët ëmmer direkt ausgeknipst!
De Leschte mécht d’Luucht aus
Also elo emol ganz éierlech, kann ee bei all deene Katastrophen nach Kabaret maachen?
D’Welt geet virun eisen Aen d’ Baach an, an eis bleift de Mond opstoen: d’Klima hëtzt sech op, Corona setzt nach een drop, an der Ukrain gëtt geschoss, Bensinn a Mazout ginn alt méi deier an eng Wunneng ka geschwë keen sech méi leeschten. D’Regierung huet just nach d’Superwaljoer 23 am A an Italien ass net op der Weltmeeschterschaft.
An do wëlls de Kabaret maachen? Däerf een hautdesdaags iwwerhaapt nach Witzer rappen? An nach vill méi wichteg, däerf een iwwerhaapt nach iwwer déi Witzer laachen?
De Kabaret Sténkdéier beäntwert déi Froe mat engem klore Jo, well den Humor déi bescht a wierksaamst Medezin an dësen Zäiten ass a bleift.
Et spillen : Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes
Regie : Joé Heintzen
Musek : Camille Nanquette
Texter : Roland Meyer







Photoën fir d’Saison 2022 /2023
Mam Claude Sibenaler an de Sténkdéieren hu mir den 23. März am Mierscher Kulturhaus eis Fotoe fir déi nächst Saison gemaach. An eisem Archiv fand dër dann o lo och ee Photosblock a flott Videoën zur Saison 2021, realiséiërt vum Sibi.
Hei komm dër direkt an déi entsprechend Galerie! Vill Spaass beim Raluussen!

Oofschloss vun dër Saison 2021/2022
Eis lescht Virstellung waar dëst Joor zu Lëntgen beim FC Minerva Lëntgen. Merci hinne fir de flotten Owend a mir hunn eis et dono nach gutt goe gelooss. Et war en erfollegräichen Ofschloss an d’Saison 2021/22 ass domadder gelaf. Wéi heescht et esou schéin: “Nom Kabaret ass virum Kabaret”, an d’Organisatioun fir en neie Programm am Hierscht 2022 ass scho voll amgaangen. Merci fir Är Ënnerstëtzung a mir gesinn eis dann am Hierscht 2022.

Lëntgen, mir kommen
