De Weekend vum 21.03 an 22.03 hate mir eis 2 läscht Optrëtter fir dës Saison. Et gouf héich Zäit ass domadder leider eriwwer. Mir soen op alle Fall dann och dem “TRIFOLION” zu Iechternach an dem “MACHERA” zu Grevenmacher villmools merci fir deen häerzlechen Empfang an Hiere schéinen Haiser!
Virun allem soe mir awer och den insgesamt ronn 3000 Spectateur ee ganz léiwen MERCI vun eiser ganzer Equipe. Dir waard eis ee wonnerbaart Publikum an et huet eis vill Spaass gemaach mat Iech!
Mir freeën eis op alle Fall nees op déi nächst Saison. Déi éischt Präparatioune si well ugelaaf. Eise gudde Luc Schumacher këmmert sech schonns ganz aktiv fir de Kalenner ze fëlle fir déi nächst Saison, mir hunn och schonns e puer Photoen dozou, déi dann och deemnächst hei wäerte verëffentlecht ginn. An eise gudde Kolleeg, de Roland Meyer wäert sech ee Plaiséier draus maachen eis nees wonnerbar Texter ze schreiwen. Genau wéi eise gudde Camille Nanquette, deen déi passend Musik wäert schreiwen.
Et versprëcht nees gudd ze gin!





