Mir fréen eis drop! Als kleng Informatioun, zu Bissen am Zentrum as een gréisseren Chantier, an “Grand-Rue” as komplett gespart fir de Verkéier. Am Beschten dir kommt aus Richtung Mersch an Bissen eran, do kënt Dir bei der Gemeng parken an zu Fouss bis an den Theatersall (Verainshaus) kommen. Dir kënt natierlech och vun der anerer Seit kommen, dir musst dann just kucken wou Dir den Auto kënt parken. Grand-Rue as allzeit komplett gespart.

