Gutt ze
wëssen...
Aus de
Programme vum Kabaret Sténkdéier vun 2001 bis 2005
Hei kënnt Dir d'Buch bestellen...
Programm 2005 – XXXL-eng Nummer
ze grouss
Berlusconi
De Lëtzebuerger
vum Joerhonnert
Den Norde verluer
Et war dach Gras driwwer gewues
Fifty/Fifty
Gescheet
agesäckelt
Revirement um Haff
Russescht Roulette
Tabloid
Unipunktellu
Besser zwee Fester méi wéi eent manner
De Knéckjang
De Vull vum Joer
JCJ Fan-Club
Mir sinn awer gutt
Wie wëllt se? wien hëlt se?
Gruppentherapie
Joergäng 45 - 50
Moosst emol un!
Nach just eng Schlofdrëpp
Porte ouverte
Tous Salons
Um Wee no uewen
Am Dingscht vun der Kroun
Botterfahrt op Stroossbuerg
Drénkgeld
Ein Schiff wird kommen
Lues iessen
Paschtéit, Fritten an Zalot
Requiem fir de
Lëtzebuerger Béier
Un engem Strank
E Wippche vum Stippchen
Eist Truppentransportschëff
Euro
Liewesqualitéit
Minabelart
Ramona, Dakota,
Vanessa
Spille mir nees den Hierscht?
Zum Gléck bitt de Lëtzebuerger Alldag genuch, wou een de Kapp driwwer rëselt, oder verwonnert iwwerleet, fir eng Logik dran erëmzefannen, oder och nëmmen einfach eppes, wou engem d'Schudderen de Réck erof lafen, fir och hautdësdaags nach ganz interessante Kabaret kënnen ze presentéieren. "Mer missten emol nees eng Kéier eppes schreiwen!" Mat dësem Saz wäert de Remy eis hoffentlech och an dienen nächste Joeren nees un d'Schaffe kréien.
Dës Wierder hat ech am Januar 2001 geschriwwen. Deemools hate mir eis éischt Sammlung vu Kabaretstexter erausginn: „Modern Welt – Aus de Programme vum Kabaret Sténkdéier vun 1988 bis 2000“. A wéi et sech elo, am Summer 2006 erausstellt, sollt ech Recht behalen. Zanter 2001 hu mir et fäerdeg bruecht, nees all Joer, a schéiner Regelméissegkeet, fir de September e Programm an der Këscht, oder besser gesot, op der Festplack a kuerz drop op der Bühn ze hunn. Dorop si mir schonn e bësselchen houfreg...
Ech behaapten dat, well et all Joer déi selwecht
Zeremoni ass. Virum September sinn d’Texter fäerdeg an ausgewielt, vum 15.9. un
gëtt geprouft, mormalerweis ronn ee Mount, mat 4 Prouwen an der Woch, an och
heiansdo alt méi, a vu Mëtt Oktober u sti mir dann op der Bühn. Dat zitt sech
bis Enn November, an am Dezember ass da Paus.
Jo, an dien éischte Méindeg am Januar, sëtze mir
dann do, den Tom, de Remy an ech, a maache laang Gesiichter. Mir si fest dervun
iwwerzeegt, datt mir elo alles gesot hunn, datt et näischt méi gëtt, wat een
nach opgräife kënnt, wat d’Leit interesséiere géif, a mir iwwerleeën eis, ob
mir et net wéi de Cabarenert maachen, an nëmmen all zwee Joer en neie Programm
schreiwe sollen.
E ganzen Owend diskutéiere mir, kucken al Programmer
duerch, kropen Texter aus dem Tirang, déi de Wee bis dohinner nach net op
d’Bühn fonnt hunn, fannen hei eppes an do eppes, kregéilen, jéimeren, a ...
wëssen iewer ganz genee, datt mir et och dëst Joer nees probéieren.
Well op eemol ass se do, déi éischt Iddi, dat éischt
Thema, dien éischte Gedanken. Et ass dacks eppes, wat an diene leschte Woche
geschitt ass, eppes, wat mir, esoulaang wéi mir all déi Opreegung mat den
Opféierungen haten, net konnten zu Pabeier bréngen, a wat sech elo op eemol aus
den Hannerkäpp no vir gequëtscht huet.
A wann ech dann heem fueren, no diem éischten Owend am Januar, da steet mäi Laptop nieft mir um Sëtz, an dien éischten Text fir dat neit Joer ass geschriwwen. An da wësse mir allen dräi, datt et elo nach just eng Saach vun der Zäit ass, bis och déi nächst Texter derbäi kommen, an esou dien neie Programm lues a lues entsteet.
An et ass nach net Abrëll, da freet schonn de Berti,
oder d’Mich, oder de Pir: „A wéi ass et fir dëst Joer, spille mir nees den
Hierscht?“ Mir dräi rieden dann ëm de Bräi, loossen eis d’Wierm aus der Nues zéien,
wëllen ëm Gottes Wëllen net ze fréi Zousoe maachen, déi mir herno eventuell net
kéinten anhalen... Mee mir sinn eis elo scho ganz sécher, datt mir och dëst
Joer nees wäerte spillen, am Hierscht, wann Zäit vun den Hierken an den Träipen
do ass, wann d’Kabaretssaison nees ufänkt.
An der Equipe huet sech zanter 2000 zum Gléck net
vill geännert. Op der Bühn sti mam Michèle Turpel, Raymond „Berti“ Bertemes,
Pierre Alzin an Tom Kraemer véier Leit, déi mëttlerweil esou gutt openeen
agespillt sinn, an déi och esou genee wëssen, wat se maachen, datt et fir mech
an de Prouwen eng Freed ass, fir mat hinnen ze schaffen, an datt et fir Iech,
léif Frënn vum Kabaret Sténkdéier, grad esou eng Freed dierft sinn, hinnen
nozekucken an nozelauschteren.
D’Irène Zeimes huet d’Programme vun 2001, „Hu mir
dat néideg“ an 2002, „Äppel a Biren“ nach matgespillt, dono ass hatt an de
Congé parental gaangen. Bei de Programmer vun 2003, „Totalen Ausverkaf“, 2004,
„Schéi gebiischt“ an och 2005, „XXXL-Eng Nummer ze grouss“, hu mir missen ouni
hatt auskommen. Wien d’Irène a seng Begeeschterung fir d’Bühn iewer kennt, die
versteet och, firwat mir ni seriö no engem Ersatz fir hatt gesicht hunn. Mir
waren eis alleguer sécher, datt hatt erëmkéim! An esou ass et dann elo:
spéitstens bei eisem „Best of...“ am Fréijoer 2007 wäert hatt nees mat eis
zesummen um Dill sinn. Mir freeën eis elo schonn drop, an iech wäert et och net
anescht goen.
Dëse „Best of...“ spille mir ganz zu Miersch am
Kulturhaus. Domadder hu mir eis eng zweet Méiglechkeet geschaaft, fir
opzetrieden. Natierlech bleiwe mir diem beléifte Mierscher Literaturhaus, der
Maison Servais, trei; eis regulär Programme wäerten och nach weiderhin bis zu
20mol am verwëllefte Keller opgefouert ginn. Zum Schluss gi mir dann iewer an
die grousse Sall vum Kulturhaus. Eis als Amateuren, déi all mueres no der
Opféierung nees mussen op der Schaff sinn, gëtt dat d’Méiglechkeet, de Programm
eisem ganze Public ze presentéieren, an dofir iewer net musse véier Méint op de
Brieder ze stoen oder duerch d’Land ze reesen. Do si mir éierlech mat iech ...
an och mat eis: et feelt eis mëttlerweil un der néideger „Konditioun“ fir esou
laang duerchzehalen, zemools, wa mir wëllen all Joer en neie Programm spillen.
An d’Chancen, fir datt eis dat och weiderhi geléngt,
sinn zanter dem Summer 2006 nach geklommen: de Remy huet d’Pensioun kritt! A
wat mengt Dir, wat die Mann schafft, elo wou en endlech déi néideg Zäit dofir
huet! Mir kënnen also vill manner gestresst an nervös den Abrëll komme loossen,
da wann den Telefon rabbelt, an de Berti freet: „... an, spille mir nees den
Hierscht?“
Natierlech spille mir! Och dësen Hierscht gëtt et
Hierken an Träipen, ... an also och en neie Programm vum Kabaret Sténkdéier.
Roland Meyer
am Juni 2006