![]() |
Méi ass et net
|
Auswiel vun den
Texter
Ass näischt an der Zeitung?
2010 – Et geet biergop
4 000 000 Frühlingsrollen
Am Prisong
Eng Dixistoilette am Mëttelalter
Lëtzebuerger Diplomatie
Life Aid Lëtzebuerg
Metz-Lëtzebuerg
Nomen est
Omen
Op der schifer Bunn
Réckruffaktioun
2009 – Vir bäi an hanne
widder
Een ondankbaart Vollek
Enfants relais
Lidd vum Rita a vum Lynn
Faul Biren
Handymania
Joerhonnertreform
Kee Fest ouni Navette
Navettelidd
Mëllechbauer
Personal Trainer
Sensibiliséierungscampagne
2008 – Kreessverkéier
385 Hektar
E Bild vun engem Mann
Ecole Pilote
Ee Flick wéi en am Buch steet
Lifelong Learning
Stacklëtzebuerger
Tourismusmagnéit Euthanasie
Unesco
Virfreed
2007 – Dien éischten ass vir
5 Stonnen a 17 Minutten
D'Chamber op Weltrees
Eng nei Fuckultéit
Null - Null
Pharma-Boom
Top 5
Volltanken
2006 – Net mäi Béier
Flickeschoul
Foire-Fouille
Hei sidd Dir richteg!
Kapp oder Mënz ?
Krank Dauf
Présentez armes!
Vun 0 an de Krankeschäin
Wat Zäiten!
Ass näischt an der Zeitung?
„An der Equipe huet sech zanter 2000 zum Gléck net
vill geännert. Op der Bühn sti mam Michèle Turpel, Raymond „Berti" Bertemes,
Pierre Alzin an Tom Kraemer véier Leit, déi mëttlerweil esou gutt openeen
agespillt sinn, an déi och esou genee wëssen, wat se maachen, datt et fir mech
an de Prouwen eng Freed ass, fir mat hinnen ze schaffen, an datt et fir Iech,
léif Frënn vum Kabaret Sténkdéier, grad esou eng Freed dierft sinn, hinnen
nozekucken an nozelauschteren."
Esou séier kann et goen! Am Juni 2006 hunn ech dës
Wierder geschriwwen, am Virwuert vun eisem zweete Buch „Gutt ze wëssen", an
deemools war ech iwwerzeecht, datt sech dorunner net vill ännere géif. Mee
Quetschen och! Datt dat heiansdo méi séier geet wéi ee mengt, hunn ech elo
erlieft.
Well d'Michèle Turpel iwwer Joeren déi eenzeg Fra am
Ensembel war, hu mir 2007 decidéiert, d'Géraldine Posing derbäizehuelen. Hatt
ass jonk an huet eiser Equipe guttgedoen: alles ass e bësse méi lieweg, méi
wibbelech ginn. Mir hunn all gespuert, datt dat genee dat war, wat mir
gebraucht hunn.
Wéi de Pir Alzin sech dunn iewer entscheed huet, net
méi matzemaachen, well him dat alles zevill ginn ass, ware mir méi oder manner
geschockt! Ee Moment hu mir am Eescht driwwer nogeduecht, ob mir net besser
hätten, d'Bengele bei d'Tromm ze geheien an de ganze Kabaret un de Nol ze
hänken. Dat hu mir iewer zum Gléck net gemaach, a mam Nico Dabé hu mir en
Talent fonnt, dat alles hat, wat eis bis dohinner gefeelt huet. Den Nico ass
immens villsäiteg, ka sech op all Roll aloossen a schreckt och net viru
Parodien zréck. Hien huet déi fir de Kabaret esou wichteg Dugend, sech selwer
op den Aarm ze huelen.
Mir hunn ni probéiert, de Pir ze ersetzen, hien ze
imitéieren, well et ass net méiglech, ee wéi hien ze ersetzen. Mee den Nico ass
vun Ufank u säi Wee gaangen an huet eis a bestëmmt och Iech, léif Lieser, esou
vill Freed gemaach, datt mir all hoffen, datt hien nach laang wäert derbäi
sinn.
De Karussell huet weider gedréint. No der Produktioun
vun 2008 sot d'Michèle Turpel, hatt kënnt dat Joer drop net derbäi sinn, well hatt
en anere Projet hätt. Och dat war dien éischte Moment fir eis wéi ee Schlag an
d'Genéck. Nach ee vun dienen éischten, nach eent vun dienen, déi de Kabaret
Sténkdéier zu diem gemaach haten, wat en haut ass, dat Raute wénkt. Wéi sollte
mir an esou kuerzer Zäit esou vill Changementer ewechstiechen? Sollten d'Leit
sech iwwerhaapt nach mat esou enger verännerter Equipe kënnen ufrënnden,
identifizéieren?
D'Irène Zeimes war eisem Public schonn zanter de
fréien 2000er Joeren ee Begrëff. A wéi hatt zu diem Ament konnt zréckkommen, du
war ech mer sécher, datt mir och gingen dëse schwéiere Moment iwwerstoen.
An esou ass et och komm! Zanter 2009 spille mir elo
mat enger „neier" Equipe, an dier de Berti Bertemes dien eenzegen ass, die
schonn 1997 derbäi war. Mee dat huet keng Roll gespillt. D'Géraldine Posing,
d'Irène Zeimes, de Berti Bertemes, den Nico Dabé an den Tom Kraemer ware vum
Ufank un e „winning team". Quirlech, wibbelech, ofwiesslungsräich, beandrockend,
modern, erfrëschend, häerzergräifend, lëschteg an iwwerzeegend hu si
d'Programmer 2009 an 2010 op d'Bühn bruecht. Mat dëser Equipe ass et mir net baang em de Kabaret
Sténkdéier!
Mee och hanner der Bühn,
hanner de Kulissen, huet sech esou
munches gedoen: D'Bruna Gorza mecht d'Assistenz, de Carlo Müller huet de Bau
vun den Decoren iwwerholl, an de Claude „Sibi" Sibenaler këmmert sech em
d'Fotoen an d'Filmer fir den Internet. Si hu sech all ganz gutt an d'Equipe erafonnt an op
dëser Plaz ging ech hinne gär vu ganzem Häerz merci soen.
An ech hunn den Androck, léif Lieser, wéi wann Dir dësen neie Wand och
gespuert hätt, wéi wann Dir dëse Wiessel och esou gingt emfannen. Ni hate mir
esou vill Nokuckerten a ni war eise Public esou zefridde wéi an dienen zwee
leschte Joeren! Kabaret ass „in" zu Lëtzebuerg. D'Leit gi gär an de Kabaret a
si genéissen et, wann „déi do uewen" iewer och si selwer op d'Schëpp geholl
oder duerch de Kakao gezu ginn. Et ginn esou vill Leit an de Kabaret, datt
verschidde professionell Theatere schonn e bëssen neidesch op de Succès vun der
„Klengkonscht" kucken a sech froen, wat si solle maachen, datt och si méi Leit
an hir Säll lackelen.
„Ass näischt an der Zeitung?", freet dann de Berti eng
Woch virun der Première. De Remy, dien sech em d'Reklamm këmmert, gëtt bei
dëser Fro ëmmer liicht verdrësslech. Hien erkläert eis dibbelchersgenee, datt
hien un all Zeitung, un all Radio de Pressetext mat Fotoe geschéckt huet, an
datt hien et och net verstoe kann, datt nach keen eppes bruecht huet. Komesch,
mengt de Berti dann, wäit iwwer 3000 Leit kommen de Programm kucken… an d'Medien
hunn nach net reagéiert.
Do ass eppes drun! Et versteet een net ganz, firwat
dat esou ass. Vill Leit, déi bei eis just op de leschte Stëppel nach eng Plaz
kritt hunn, bekloen sech, datt si näischt gewuer gi wiren. Da muss de Remy sech
nees verdeedegen an drop hiweisen, datt hien nach eemol iwwerall intervenéiert
ass ... wat dann och meeschtens eppes bruecht huet.
Mee esou ass dat hei zu Lëtzebuerg. Natierlech si mir
méi frou iwwer vill zefridde Leit an eng e bësse méi onmotiwéiert Press, wéi
iwwer eng déck zefridde Press an nëmmen e Grapp och nach onmotiwéiert Leit. Et
sief! Op alle Fall huet de Kabaret Sténkdéier iwwer déi lescht 15 Joer bewisen,
datt ee Projet och kann Erfolleg hunn, ouni datt an der Press groussen Tamtam
gemaach gëtt. An dat ass dach och eppes wäert!
Mee komme mir zréck bei eist drëtt Buch. Jo, et ass
schonn dat drëtt: „Modern Welt – Aus de Programme vum Kabaret Sténkdéier 1990
bis 2000" war dat éischt, „Gutt ze wëssen – Aus de Programme vum Kabaret
Sténkdéier vun 2001 bis 2005" war dat zweet an elo läit mat „Méi ass et net – Aus
de Programme vum Kabaret Sténkdéier 2006 bis 2010" dat drëtt vir. „Méi ass et
net" soe mir ëmmer, wa mir schreiwen, wann eppes esou einfach an esou kloer
ass, datt et net méi brauch, och wann een am léifsten nach dëst oder dat ging
derbäiflécken. „Méi ass et net" soe mir och, wa mir am Prouwe sinn a mierken,
datt e Stéck gutt leeft, funktionéiert, datt et mat einfache Mëttelen dat
ausseet, wat et soll aussoen. „Méi ass et net" soe mir och ganz dacks zu de
Leit, no de Virstellungen, beim Patt, wa mir iwwer dësen oder dien Text
diskutéieren, a si Saachen dra siche ginn, un déi mir ni geduecht haten.
Den Tom Kraemer, de Remy Kraus an ech, mir schreiwen
elo schonn zanter bal 15 Joer Texter zesummen. Ëmmer nees froen d'Leit, wie vun
eis dann elo wéi een Text geschriwwen hätt. Ëmmer nees gi mir déi selwecht
Äntwert: Mir schreiwen zesummen! Wéi muss een sech dat virstellen? Ma ganz einfach:
eemol an der Woch komme mir mëttes am Café littéraire zu Miersch an der Maison
Servais zesummen an dann diskutéiere mir, wat alles esou an der Lescht geschitt
ass an iwwer wat mir kënnte schreiwen. Hu mir eis da fir eppes entscheed, da
schreiwe mir dat zesummen. Jiddereen huet seng Iddien, seng Formulatiounen,
seng Preferenzen. Jiddereen dréit seng Pefferkäre bäi an op eemol ass den Text
fäerdeg. Méi ass et net.
Dofir fannt Dir, léif Lieser, weder an dësem Buch nach
op de Programmziedelen vum Kabaret Sténkdéier jemools den Numm vun engem vun
eis dräi ënnert engem Text. Mir hunn en ëmmer zu dräi zesumme geschriwwen. Ech
weess net ob et dowéinst ass, oder ob et einfach ass, well mir eis gutt
verstinn, vu Grond op respektéieren, ähnlech ticken oder wat och ëmmer: nach ni
hunn ech an eisem „Schreiwerteam" och nëmmen die klengsten Näid, dat geréngst
Konkurenzdenken oder dat liichste Mësstraue gespuert. An dat ass wahrscheinlech
genee de Grond, firwat mir et ëmmer nach, och no 15 Joer, fäerdeg bréngen, en
neie Programm op d'Bühn ze kréien.
Méi ass et net!
Roland Meyer