![]() |
Kabaret « Sténkdéier » |
De Kabaret Sténkdéier presentéiert a Kollabotatioun mam
|
![]() |
VERLÄNGERUNGEN: |
ET SPILLEN: |
TEXTER: |
Entrée: 10 Euro Studenten: 5 Euro |
Reservatioun: CNL: 32 69 55 1 |
« Du solls keng Äppel mat Bire vergläichen ! »... Ee bekannte Sproch! Mee jidderee wëllt do awer selwer bestëmmen, wat Äppel sinn a wat Biren. An esou gëtt dach alles matenee verglach, a villes gläicht sech och: Näupen, Dugenden, Gewunnéchten, Ticken an Tricken. Prinzipiell gehéieren déi schlecht Uluechten dienen aneren; mir wëssen eis ze behuelen, mir sinn déi Gutt. Déi aner gehéieren zum faulen, muedebëtzegen Uebst; mir awer hu keng elle Plazen, mir waren, sinn a bleiwe säfteg, mat roude Baken. Äppel a Biren, gepléckt oder gerëselt, mat oder ouni Téitsche. Et gëtt der vun allen Zorten a Faarwen. Déi Schéin, déi Blénkeg, schmaachen dacks no näischt. Et sinn déi Kléng, déi Schrompelech, déi mat de Päutschen, déi am beschte sinn. Mee do wëlle mir net dra bäissen. Eng verkéiert Welt, wou de Schäin méi zielt wéi de Geschmaach! |